Bis zum Haaptcontenu iwwersprangen
Représentation au Luxembourg

Am Joer 2024 feiert Europa e wichtege Meilesteen: 3 Joer Engagement fir eng méi gréng an digital Zukunft dank NextGenerationEU!

NextGenEU

DZënter senger Aféierung no der Covid-19 Pandemie, huet NextGenerationEU eis Unioun transforméiert. Iwwer 265 Milliarden Euro goufe schonn investéiert, fir den ekologesche Wandel ze beschleunegen, digital Revolutioun virunzedreiwen an eis kollektiv Resilienz ze stäerken. Zesumme baue mir eng méi nohalteg Zukunft! Am Mëttelpunkt sti konkret Initiativen, déi net nëmmen Infrastrukturen a Servicer veränneren, mee virun allem d’Liewe vun de Biergerinnen a Bierger verbesseren.

Lëtzebuerg, engagéiert sech fir déi ekologesch an digital Transitioun


Den 23. Juli 2024 huet d’Europäesch Kommissioun en neit Kapitel vum Lëtzebuerger Plan pour la reprise et la résilience guttgeheescht. D’Resultat? De Budget vum Lëtzebuerger Plang klëmmt vun 83 op 241 Milliounen Euro, a kann esou méi Projeten an Initiativen ënnerstëtzen. Dëse geännerte Plang muss elo vum Rot guttgeheescht ginn, ier e kann ëmgesat ginn. Zu de lëtzebuergesche Projeten zielen ënner anerem Subsiden, fir Entreprisen bei der Installatioun vu Solarpanneauen fir d’Eegeproduktioun vun Energie ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg geet domat de Wee vun der ekologescher Transformatioun a bleift gläichzäiteg un der Spëtzt vun der digitaler Innovatioun, mat besonnescher Opmierksamkeet fir de sozialen Aspekt.

Konkret Resultater

Zu Lëtzebuerg goufen a verschiddene Beräicher bedeitend Fortschrëtter gemaach. 
Hei sinn e puer Beispiller vu Projeten:

Zesumme gestalte mir d’Zukunft vu Lëtzebuerg an Europa – fir eng méi gréng, digital a solidaresch Zukunft!