Bis zum Haaptcontenu iwwersprangen
Représentation au Luxembourg

En onerwaarten Neistart: Eng nei berufflech Chance dank 'FutureSkills'

NextGenEU campaign - FutureSkills Project - LU

Mat NextGenerationEU mécht Europa de Wee fräi fir méi gréng, inklusiv a virun allem méi resilient Zukunft. Am Mëttelpunkt vun dësem Zil sti Projeten an Initiativen, déi net nëmmen Infrastrukturen a Servicer änneren, mee virun allem d’Liewe vun de Biergerinnen a Bierger verbesseren. ‘FutureSkills’, eng Formatioun, déi wärend der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg lancéiert gouf, ass e Beispill dofir, wéi Investitiounen, de Leit hiert Liewe positiv beaflosse kënnen an de sozialen Zesummenhalt stäerken.

De Patrice, 57 Joer al, huet 30 Joer vu sengem Liewen an der Gastronomie geschafft, Restaurante geleet an héichwäerteg Hoteldéngschter ugebueden. Awer wéi d’Pandemie ausgebrach ass, ass seng Carrière onerwaart un d’Schwanke komm. „Ech hätt ni geduecht, datt meng Carrière an der Gastronomie esou abrupt kéint ophalen. Wéi d'Betriber hu missen zoumaachen, war ech verluer. Mee dunn huet sech d’Chance mat ‘FutureSkills’ gebueden. Et huet mäi Liewe wierklech verännert.“

D‘Relevanz vu Weiderbildung an Zäite vu Krisen

De Programm ‘FutureSkills’, wou vun NextGenerationEU finanziell ënnerstëtzt gouf, huet dem Patrice vill méi wéi nëmmen technesch Fäegkeete gebueden. Dëse Programm gouf op d’Bee gestalt, fir op déi dréngend Ufuerderunge vun enger sech veränderter Aarbechtswelt ze reagéieren, an huet de Participanten dobäi gehollef, hir Fäegkeeten a Stäerkte besser ze verstoen an un déi nei Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart unzepassen.

Patrice Haas: „Dës Formatioun huet mir d’Aen opgemaach. Si huet mir gewisen, wéi ech Saache, déi ech schonn ëmmer gemaach hunn, wéi Teamféierung oder Konfliktléisung, besser asetze kann. A si huet mir och nei Fäegkeeten, wéi Programméieren, bäibruecht. Et goung net nëmmen ëm berufflecht Iwwerliewen, mee och ëm perséinleche Wuesstum.“

Patrice Haas: „Fir mech war et besonnesch wichteg ze verstoen, datt meng Joren an der Gastronomie net verluer waren. Alles, wat ech geléiert hat, konnt ech an engem neie Kontext erëm notzen.“

Eng souwuel mënschlech wéi berufflech Transformatioun

No der Weiderbildung huet de Patrice séier e Stage an der lëtzebuergescher Fonction publique fonnt – eng Erfarung, déi seng Siicht op seng berufflech Lafbunn grondsätzlech verännert huet.

Patrice Haas: „Elo schaffen ech bei der ADEM, wou ech d’Employeuren am Horesca-Beräich ënnerstëtzen. Ech hätt ni geduecht, datt meng Fäegkeete mech an esou eng Positioun brénge kéinten, mee ‘FutureSkills’ huet mir gehollef, meng Perspektiv ze änneren.“

D'Geschicht vum Patrice weist virun allem déi mënschlech Säit vum Projet. Et geet net nëmmen ëm en Ausbildungscours, mee ëm en Sprangbriet fir Mënschen, wéi hien, déi no enger schwéierer Zäit no neie Weeër sichen.

E konkreten an nohaltegen Impakt

Haut ass de Patrice net „just“ Staatsbeamten, mee och eng Schlësselfigur fir d‘ Reprise vu senger Branche.

Patrice Haas: „Ech fille mech nëtzlech a genau op der richteger Plaz. Ech verstinn d'Besoine vun de Restaurateuren an Hotelbesëtzer, well ech hir Realitéit selwer erlieft hunn. Dës Formatioun huet mir neit Selbstvertraue ginn an huet mir gewisen, datt mir eis ëmmer nei erfanne kënnen, egal wéi al mir sinn oder wat mir bis elo erlieft hunn.“

Dank ‘FutureSkills’ huet de Patrice net nëmmen en neie Job fonnt, mee och eng nei Beruffung. D’NextGenerationEU-Initiativ weist duerch esou Projeten, datt Investitiounen an d’mënschlecht Potenzial d’Liewe verännere kënnen, Chancen erschafen an eng méi inklusiv Zukunft fir jidderee méiglech maachen.

Méi Informatiounen

Plan de reprise et de résilience vu Luxembourg

Weider Informatiounen iwwert den Projet "FutureSkills" 

Websäit vun der Adem: De Portail fir Aarbecht zu Lëtzebuerg 

Eurocamping Nommerlayen: konkreten NextGenerationEU ënnerstëtzte Projet zu Lëtzebuerg 

NextGenerationEU : Make it real