Wann Dir d’lëtzebuergesch Nationalitéit oder déi vun engem aneren EU-Land hutt, sidd Dir automatesch EU-Bierger.in.
Als EU-Bierger.in genéisst Dir eng sëlleg Rechter am Aklang mat der EU-Gesetzgeebung, e.a. d’Recht, Iech an Europa fräi ze beweegen an an all EU-Land ze liewen, ze studéieren, ze schaffen oder Är Pensioun ze verbréngen.
Wann Dir a Länner reest, déi keng Memberstate vun der EU sinn an Äert Land do keng diplomatesch Vertriedung huet, kënnt Dir Iech un d’Botschaft bzw. d’Konsulat vun engem belibegen aneren EU-Land wenden an do Ënnerstëtzung a Schutz kréien.
Weider Informatiounen zu Äre Rechter an der EU kritt Dir beim Service Äert Europa.